Église d´Erpeldange

(cliquez sur les images pour les agrandir)

 

 
       
       

Déi Erpeldanger "Sankt-Eligius Kapell" gouf 1851 un déi derzäit nei "Nordstrooss" gebaut. Do virdru stung d´Kapell ënnen am Duerf bei der décker Lann.

Den Héichaltoer, den nach 100 Joer méi al ass wéi d´Kierch, stammt aus der Wierkstaat vum Wëltzer Skulpteur Nicolas Jacque (1713-1793). Schutzpatroun vun der Kapell ass den hl. Eligius, den och grouss an der Mëtt vum Haaptaltoer steet. Déi zwou Statuen iwwert den Diire vun der Sakristei sën den hl. Antonius an d´hl. Barbara, déi mat grousser Warscheinlichkeet och vum Wëltzer Skulpteur stammen.

Am Kierchtuerm befannen sëch 3 Klacken. Déi ursprünglich kleng Klack gouf am Joer 1975 duerch 2 weider Klacken ergänzt.

D´Kapell gouf am Joer 2001 komplett restauréiert. Den 10. März 2002 goufe 50 Joer Gesank, 150 Joer Kierch an 250 Joer Haaptaltoer gefeiert. Bei der Geleenheet gouf och den neie Volléksaltoer ageweit. Dëse stammt aus der Schreinerei Reckinger (Pommerlach). Den Altoerdësch gët vun der Weltkugel gedroen. Déi selwicht ronn Forme spigelen sich och an denen neie Kierchefënsteren, déi aus dem Atelier vum Rob. Emeringer vun Aasselbure stammen.

Sitemap | Imprimer | PDF | Envoyer

Voir aussi

Paroisse