Église d´Eschweiler

(cliquez sur les images pour les agrandir)

       
       

Eeschwëller mat Knapphouschent a Selschent huet Ufanks zu Wooltz gehéiert a gouf am 10. Joerhonnert eng eege Par. Knapphouschent gouf dunn 1808 mat Selschent och eng eege Par. Déi al Kierch vun Eeschwëller stoung relativ am Ufank vum Duerf, do wou haut d’Monument aux Morts ass (ale Kierfecht).
1870 ass eng nei Kierch gebaut ginn, esou wéi mer se elo kennen. De wäertvolle Mobiliar ass vun der aler Kierch eriwwer geplënnert ginn an déi nei, an ass wahrscheinlech vum Jean-Georges Scholtus (1680?-1754).
1898 goufen dräi nei Klacke vun der Firma Bour & Guenser vu Metz gegoss. Déi kleng ass schons 1901 gerass a gouf am selwéchte Joer ersat duerch eng grouss Klack vun der selwéchter Firma. Enn 1899 ass eng Uergel vun der Firma Müller vu Reifferscheid installéiert ginn.
Am Januar 1945 gouf d’Kierch zimlech beschiedegt. Duerch e gréisseren Don vun der Famill Mergenthaler aus den USA, där hiren eenzege Jong hei zu Eeschwëller am Krich ëm d’Liewe koum, an duerch d’Hëllef vum Stat, goufen eng Rei Aarbichten nom Krich realiséiert: eng nei Uergel vum Joseph Schilling vu Cruchten, en neit Portal, d´Vergréisserung vun der Sakristei an zwou nei Kapellen hannen an der Kierch.
Am Joer 2000 ass d’Kierch komplett restauréiert ginn. Dobäi goufen déi al Molereien nees fräigeluecht. Den 18. Februar 2001 ass en neien Altor konsékréiert ginn. Eng nei Uergel ass am Joer 2004 ageweit ginn.
D’Kierch ass dem Hl. Mauritius geweiht, zweete Patréiner ass den Hl. Albinus.

Um Site vun der Vereenigung Amis de l´Orgue - Luxembourg fannt dir weider Informatiounen iwwert di nei Eeschwëller Uergel, an dir fannt hei een intressanten Text op däitsch iwwert d´Geschicht vun den Eeschwëller Uergelen am Laf vun der Zäit.

Um Internet-Site vum Webwalking am Kiischpelt kënnt dir ee virtuelle Spadséiergang duerch di Eeschwëller Kierch maachen. Dir fannt hei ënnen de Link:

 

(informations de www.kiischpelt.net)

 

Sitemap | Imprimer | PDF | Envoyer