Église de Knaphoscheid

(cliquez sur les images pour les agrandir)

 

     
     
Zënter 1808 ass Knapphouschent mat Selschent eng eege Par. D’Kierch, déi integral klasséiert ass, huet eng ganz besonnesch Form: si ass hannen a vir ronn, am Fong wéi eng Aartchen.
D’Kierch an de ganze Mobiliar sinn aus dem 18. Joerhonnert. Déi reng Stukaturen um Gewëllef sinn am Rokoko gehalen. D’Statu vum Hl. Jouseph um Héichaltor ass aus den 80er Joeren. Zum Kiercheschatz gehéieren eng wäertvoll Monstranz an e Kräizreliquiar aus dem 18. Joerhonnert, déi zu Veianen hiergestallt goufen.
De Patréiner ass den Erzengel Michael. Déi grouss Klack ass 1865 vun der Firma Causard gegoss gin, déi kleng Klack ass vun 1844.
Ugangs des Joeres 2005 ass d´Kierch vu Knapphouschent komplett restauréiert ginn.

 

(informations de www.kiischpelt.net)

Sitemap | Imprimer | PDF | Envoyer

Voir aussi

Paroisse